200 Joer Gemeng Ell

Gemeng Ell 1823 bis haut

Mir kucken zeréck op markant Momenter an eiser Gemeng an iwwer hir Grenzen eraus.

1823-10-01 00:00:00

« Gebuert » vun der Gemeng Ell

1831-01-01 19:41:25

Hongersnout

Hongersnéit an de ländleche Gebidder, virun allem am Éislek.

1838-01-01 00:00:00

Bau vun der Rieder Kierch

1839-01-01 00:15:00

Lëtzebuerger Onofhängegkeet

Duerch de Londoner Vertrag gëtt Lëtzebuerg engersäits onofhängeg. Déi nei Grenz mat der Belsch verleeft +/- der Sproochegrenz tëscht dem Franséischen an dem Lëtzebuergeschen...

1841-10-12 00:15:00

1. Verfassung

Nodeems zanter 1815 dat hollännescht Grondgesetz an 1831 déi belsch Constitutioun zu Lëtzebuerg gegollt hunn, krut Lëtzebuerg 1841 eng éischte Kéier eng "eege" Constitutioun.

1842-02-08 16:04:49

Lëtzebuerg trëtt dem däitschen Zollveräi bäi

An deem Kader kritt Rued och eng "Zollaufsichtsstelle". Dës Zollbrigad mat engem Oberzollkontrolleur zu Päerd war zanter 1871 am Haus Thielen an der Hiel zu Rued ënnerbruecht, wat dofir och "an de Kasären" genannt gouf. Als "Heckeschësser" goufen d'Zollbeamte gäre vernannt, wann si sech alt nees am Gestraich verstoppt haten an de Schmuggler opgelauert hunn.

1843-01-01 11:16:06

Neibau vun der Eller Kierch

Ofrappe vun der aler Kierch an Neibau zu Ell

1843-06-01 07:23:16

Schlecht Recolte an Hongersnout an der Gemeng Ell

den Aarmebüro vun Ell mécht Kollekten bei « besseren Haiser » fir der Aarmut meeschter ze ginn

1843-08-07 00:15:00

Nei Grenzen zu der Belsch & Opstelle vun de Bornen

Et dauert e puer Joer bis den 148 km laange Grenzverlaf mat der Belsch am Vertrag vu Maastricht 1843 definitiv festgeluecht gouf.

1845-07-10 11:42:09

Verbuet vu Stréidiech

Wéinst reegelméissege Feierkatastrophen an den Dierfer gi Stréidiech landeswäit verbueden a mussen duerch Schiferdiech ersat ginn.

1847-01-01 05:39:11

De Gréngewald gëtt versteet

... mat de Sue ginn an eiser Géigend e.a. d’Stroossen Sëll-Wolz, Rippweiler-Biekerech-Arel, Räichel-Réiden-Arel oder Rammerech-Bungeref gebaut

1847-01-01 11:42:09

Éischt Gemengesekretariat

1848-07-09 05:39:11

Zweet Verfassung

Eis aktuell, zanter 2023 gülteg Constitutioun geet a grousse Linnen op déi vun 1848, respektiv déi vu vun 1868 zeréck.

1848-09-25 14:52:49

Bau vum Rieder Parhaus

Decisioun vum Gemengerot den 25.9.1854

1852-09-15 02:34:24

éischte gestempelte Bréif

15/09/1852

1854-04-12 05:39:11

Lompeklack

Fir dem Soff meeschter ze ginn, huet de Gemengerot decidéiert, eng Spärstonn fir d'Wiertschaften anzeféieren.

1858-01-01 21:33:19

Bau vum Kierchtuerm zu Rued

D'Kierch aus dem Joer 1838 kritt 1858-60 e Kierchtuerm, nodeems 1854 en neit Parhaus gebaut gi wor

1859-08-11 07:35:31

Aweiung vun der 1. Eisebunnslinn

Den 11.8.1859 gëtt déi 1. Eisebunnslinn Lëtzebuerg-Beetebuerg-franséisch Grenz ageweit.

1861-01-01 12:15:41

Bau vun der Bréck/Strooss zu Ell (Uewerpallen-Réiden)

Am Kader vum Bau vun der Strooss Uewerpallen-Réiden gëtt déi éischt stenge Bréck iwwer d'Atert gebaut.

1867-01-01 11:30:17

Een Eller als 1. Zaldot dee Wuecht op der Passerelle gehal huet

Den Eller Jacques/Jakob Goedert war den éischten Zaldot vun der Lëtzebuerger Arméi (Fräiwëllegekompanie), deen op der Passerelle Wuecht gehalen huet

1867-05-11 21:02:28

Traité vu London: Neutralitéit vum Grand-Duché

Duerch d'Neutralitéit muss d'Festung geschleeft ginn an déi preisesch Truppe mussen d'Festung verloossen.

1874-05-01 17:17:24

1867: Mariage vun der Baroness vu Kolpech, der Cécile Papier mam ungaresche Moler Munkácsy.

D'Cécile Papier, Wittfra vum Baron Edouard de Marches vu Koulpich bestuet sech eng zweet Kéier mam ungaresche Moler Mihály Munkácsy.

1880-01-01 15:12:32

Be- & Entwässerung vun der Grousswiss

Fir d'Bewässerung vun der Grousswiss ze verbesseren, gëtt mat engem ingéniéise Projet eng grouss Schléiss installéiert.

1881-01-01 00:00:00

Ofrappe vun der aler Kierch an Neibau zu Ell

1883-02-28 00:09:55

Gesetz fir d’Schafe vun der Ackerbauverwaltung

1886-07-07 00:36:50

Franz Liszt

De Komponist a Pianist Franz Liszt ass eng leschte Kéier op Besuch zu Kolpech

1889-01-01 11:42:27

Grousse Feldwee Programm zu Rued

D’Bauere vu Rued absolvéieren e grousse Feldweeprogramm

1890-11-17 07:56:45

Ouverture vun der Schmuelspuerlinn Näerden-Maartel

Rued kritt en Halt (keng Gare), eng kleng Wellblechbud, wou de Jangeli just op Demande stoe bliwwen ass.

1890-11-23 20:00:46

Grand-Duc Adolphe

De Grand-Duc Adolphe aus der Dynastie, Nassau-Weilburg gëtt neie Grand-Duc vu Lëtzebuerg

1891-01-01 10:27:50

Éischten Telefon an der Gemeng

Den éischten Telefon gëtt an der Gemeng installéiert an dat net op der Gemeng, mä am Schlass zu Kolpech wéi den Originalvertrag mat.

1898-01-01 07:22:50

Grënnung vun der Chorale Rued-Lannen

D'Chorale Rued-Lannen ass domat deen eelsten dokumentéierte Veräin an eiser Gemeng.

1902-01-01 06:31:02

Aféierung vum Fussballsport zu Lëtzebuerg

Den Engleschprofesser Jean Roeder, gebuer 1873 zu Rued: bréngt de Fussballsport op Lëtzebuerg...

1903-01-01 23:03:18

Grënnung vum Viehversicherungsverein

1904-01-01 01:36:16

1. Molkerei zu Ell

1907-01-01 16:16:21

Grënnung vun de Fräiwëllege Pompjeeën Ell an der Fanfare Ell

1913-01-01 09:32:41

2. Molkerei Ideal Ell

1914-08-02 21:50:25

Besetzung duerch däitsch Truppen

2. August 1914 - Nom Ausbroch vum 1. Weltkrich kënnt et zur Besetzung vu Lëtzebuerg duerch däitsch Truppen.

1917-01-01 02:38:54

Kaf vum Kolpecher Schlass duerch d’Famill Mayrisch

Vun 1917 bis an d'1920er Joeren gëtt d'Schlass duerch d’Famill Mayrisch no de Pläng vum Architekt Sosthène Weis ...

1919-05-15 10:37:47

Allgemengt Walrecht zu Lëtzebuerg

Duerch d'Verfassungsännerung vum 15. Mee 1919 gouf d'allgemengt Walrecht agefouert...

1920-01-01 07:48:55

Ëmbau vum Schlass duerch d’Famill Mayrisch, nei Fassad, Park etc.

1920-01-01 19:54:38

De Scoutschalet gëtt gebaut

Scoutschalet gëtt gebaut 1993 ofgebaut, 1996 neigebaut D' Foto weist de Bau vun dem neie Chalet

1920-02-01 18:27:27

1920er Joren: 1. Fussballveräin

1922-01-01 18:49:29

Rieder Zollbeamte gi versat

Di Rieder Zollbeamten gi nom Enn vum Däitschen Zollveräin, nom 1. Weltkrich un déi däitsch Grenz versat

1928-03-05 23:44:28

Accident an Doud vum Emile Mayrisch

De 5. Mäerz 1928 koum den Emile Mayrisch bei engem Autosaccident um Wee fir op Paräis ëm d'Liewen

1930-01-01 08:07:48

1. Wasserleitung an der Gemeng

1. Wasserleitung an der Gemeng tëscht Ell an Nidderkoulbich

1930-03-02 01:40:11

1. Theateropféierung zu Ell

Haut ass net méi gewosst wéi ee Stéck gespillt gouf, op jiddwer Fall war et den Ufank vun ëm déi 100 Theateropféierungen am Duerf

1934-01-01 23:01:06

1. Uergel an der Kierch zu Ell

An des gouf 1995 renovéiert

1936-01-01 06:47:18

Grënnung vum 2. Eller Fussballsveräin

De Veräin huet den 2. Weltkrich leider net iwwerlieft, vill Jonge goufen agezunn oder hu missen an de Reichsarbeitsdienst.

1939-01-01 18:40:09

éischten Telefon op der Gemeng selwer

1939-07-16 12:27:56

Onofhängegkeetsfeier

Wéi an deene meeschte Gemengen am Grand-Duché goufen 1939 zu Ell 100 Joer Onofhängegkeet gefeiert

200 Joer Gemeng Ell

Launch
Copy this timeline Login to copy this timeline 3d Game mode

Contact us

We'd love to hear from you. Please send questions or feedback to the below email addresses.

Before contacting us, you may wish to visit our FAQs page which has lots of useful info on Tiki-Toki.

We can be contacted by email at: hello@tiki-toki.com.

You can also follow us on twitter at twitter.com/tiki_toki.

If you are having any problems with Tiki-Toki, please contact us as at: help@tiki-toki.com

Close

Edit this timeline

Enter your name and the secret word given to you by the timeline's owner.

3-40 true Name must be at least three characters
3-40 true You need a secret word to edit this timeline

Checking details

Please check details and try again

Go
Close